Jugendherberge sinn Installatiounen, déi Touristen fir eng gewëssen Zäit, d'Méiglechkeet bidden, bëlleg en Ënnerdaach fir d'Nuecht ze fannen. Se hunn dofir Zëmmeren, déi sief et als Dortoir vu bis zu sechs Persounen, oder als Duebel- oder och Eenzelzëmmer zur Verfügung stinn. D'Sanitäranlage kënne kollektiv oder separat sinn, jee no der Formule déi ee sech eraussicht. Den Numm Jugendherberg seet ons datt s'am Ufank just fir jonk Leit geduecht waren, déi reese wollten, an net vill Suen an der Täsch haten. D'Altersgrenz gouf am Laf vun der Zäit opgehuewen, sou dat hautdesdaags all Altersgrupp dovu profitéiere kann.
Auberge gi vun A.s.b.le geleet, déi Member bei der IYHF sinn. Dobäi kënnt, datt all Auberge sech gewësse Qualitéitskrittäre muss stellen, wéi Sécherheet, Propretéit, Zougänglechkeet, Confort a Privatsphär. All Auberge soll och de Grondgedanke vun Toleranz an Ëmweltschutz respektéieren.
D'Zëmmeren hunn haut en zäitgeméisse Standard a vill vun hinnen hu souguer en eegene Sanitärberäich. Schlofsäck gëtt et aus hygienesche Grënn keng méi, mä dofir ass d'Bettwäsch am Präis abegraff. Et gëtt speziell Familljenzëmmer, Duebelzëmmer a souguer Eenzelzëmmer. All déi nei Jugendherberge si behënnertegerecht ageriicht. Mä entspriechend vun der Iddi vun de Jugendherberge bleiwen d'Zëmmeren awer schlicht an einfach, z. B. gëtt et kee Fernsee oder Minibar.