E Kichekraut oder einfach Kraut, dacks an der Méizuel Kichekraider oder Kraider gebraucht, ass eng Planz, där hir Blieder a Bléien - entweder frësch oder gedréchent - als Gewierz gebraucht gëtt. Et muss sech dobäi net ëm e Kraut am botanesche Sënn handelen.
Och wann d'Kichekraider zu de Gewierzer zielen, gëtt dacks vun de "Kraider a Gewierzer" geschwat, fir se besser vun der Gewierzer ofzegrenzen, déi aus Som, Friichten, Schuel, Wuerzelen, asw., hiergestallt ginn. Kichekraider ginn entweder eenzel oder als Kraidermëschung (zum Beispill Herbes de Provence oder Bouquet garni) gebraucht.
Geleefeg Kraider an der europäescher Kiche si Basilikum, Bounekraitchen, Bratzel, Dëll, Estragon, Oregano, Peffermënz, Péiterséileg, Rosmarin, Thymian.