Ënner Konstellatioun faasst een an der visueller Astronomie an an der astronomescher Phenomeenologie déi visuell Positioun vun den Himmelskierper a Fixstären zoueneen a Bezuch op de Standpunkt vum Observateur zesummen. Et handelt sech dobäi ëm visuell Himmelsublécker. Dat Wuert kënnt vum laténgeschen stella „Stär“ an dem Préfix con, fräi iwwersat „Zesummentreffe vu Stären“. Säin urspréngleche Sënn gëtt bis haut an der Astronomie a bei der Raumfaart gebraucht.
Konstellatiounen sinn déi relativ Stäreplazen (Stärekonstellatioun), d'Stellunge vun Himmelskierper a Bezuch zum Fixstärhimmel (Planéitestand, Moundstand asw.) an engem gewësse Koordinatesystem oder zoueneen (Aspekt, v. lat.: aspectus = Ubléck, Usiicht), wéi och d'Positioun vun Himmelskierper zu den himmelsmechanesche Referenzpunkten (Equinoxe, Periapsis, Himmelspol an aner).
Speziell Konstellatiounen hunn eegen Nimm, ginn awer haut no den – historesche Begrëffer – Stären, „Wandelstären“ (Planéiten, Asteroiden, Mounden) getrennt als Phenomeener vun der Astrometrie („Stärevermoossung“) oder astronomesch Ereegneser vun der Ephemeridenrechnung („astronomescht Tagebuch“).