Lieu-dit bezeechent am franséische Sproochraum eng kleng geographesch Eenheet, meeschtens den Numm vun enger bestëmmter Plaz an enger Gemeng[1]. Sou Nimm kënne vun engem Flouernumm hierkommen, oder wann haut keng Gebaier méi do stinn, z. B. vun engem Haff oder Millen déi fréier, op där Plaz stoungen, oder vun enger fréierer Uertschaft, wéi z. B. Schéimerech, Réisseng, oder vu soss enger geographescher Bezeechnung wéi z. B. Tossebierg oder vun enger Baach wéi Keiwelbaach.