D'Linienzugbeeinflussung (LZB) ass en däitschen Zuchsécherungssystem, dee speziell fir Héichvitessstrecken entwéckelt a konzipéiert gouf. All Héichvitessstrecken an Däitschland an deelweis an aneren europäesche Länner si mat LZB ausgerëscht. Bei der LZB ginn, anescht wéi bei der PZB, d'Date linnefërmeg, also permanent, iwwerdroen. Dës Date kënnen d'Soll- an Zilvitesse souwéi z. B. och den Ofstand bis zum nächsten Haaptsignal sinn.