D'Hadley-Rill gouf wärend der Apollo 15 MIssioun méi genee ënnersicht.
Als Moundrill ginn an der Geologie a Planetologie laang schmuel kanalaarteg Déiften um Äerdmound bezeechent. Op der Äerd géif een änlech Formatiounen als Grief bezeechnen, mä fir de Mound hat sech d'Bezeechnung Rima (pl.:Rimae) etabléiert[1]. Et gëtt tëscht dräi Aarte vu Rillen ënnerscheet:
Laanggestreckt Rille sinn duerch geologesch Stéierungen entstanen. Se si meeschtens e puer dausend Meter breet, Honnerte vu Kilometer laang a bis zu 400 Meter déif.
Gedréit Rillen erënneren u Lavastréim oder Flossbetter. Op den Enner vun dësen e puer honnert Kilometer laange Rille fënnt een dacks Lächer déi Kratere gläichen[2].
Boufërmeg Rillen. Hiert Entstoe gëtt verstengerte Lavastréim zougeschriwwen. D'Fuerschung ass sech dees awer nach net sécher.
Déi bekanntst Moundrille sinn:
d'Hyginus-Rill mat dem klenge Krater Hyginus am Knéckpunkt vun der Rill