Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Neophyten (Griichesch: "neos" = nei; "phyton" = Planz; Eenzuel: Neophyt, Plural: Neophyta (lat.) oder Neophyten) si Planzen, déi bewosst oder unbewosst, direkt oder indirekt vum Mënsch no 1492, dem Joer vun der Rees vum Christoph Kolumbus an Amerika, a Gebidder agefouert goufen, an deene si vun Natur aus net virkomm sinn. Neophyte gehéiere mat den Neozoen an den Neomyceten zu den Neobiota. Am Géigesaz zu den Neophyte sinn Archeophyten Planzen, déi viru 1492 agefouert goufen.
Päiperlekstrausch Buddleja davidii Franch. |
|
Japanescht Knuetkraut Fallopia japonica (Houtt.) Ronse Decr. |
|
Sachalin-Knuetkraut, russescht Knuetkraut Fallopia sachalinensis (F. Schmidt Petrop.) Ronse Decr. |
|
Topinambur, Russesch Gromper, Ierdapel Helianthus tuberosus L. |
|
Risebiereklo Heracleum mantegazzianum Somm. et Lev. |
|
Drüse-Sprangkraut, indescht S., indescht Balsëmin Impatiens glandulifera Royle |
|
Spéit Drauwekiischt Prunus serotina Ehrh. |
|
Schäinakazi, Akazia, Gewéinlech Robinie Robinia pseudoacacia L. |
|
Kanadesch Goldrutt, K. Péiterstaf Solidago canadensis L. |