Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Abtei Iechternach war eng Benediktinerabtei, déi, op eng Stëftung vun der Irmina vun Oeren hin, vum Missionnaire Willibrord zu Iechternach gebaut gouf.
Si war virun allem bekannt fir hire Scriptorium, an deem am 11. Joerhonnert ënner anerem de Codex Aureus Epternacensis, de Codex Aureus Escorialensis an den Iechternacher Evangelistar entstane sinn.
An der Zäit vun der franséischer Revolutioun gouf d'Abtei grad wéi d'Abteikierch beschlagnaamt, a vun den Truppen an den Iechternacher Bierger geplëmmt. Wéi d'Pateren den 10. Februar 1797 probéiert haten zeréckzekommen, goufe se definitiv vun de Fransouse fortgedämpt an de Besëtz gouf de 24. Februar 1797 versteet.
D'Abtei mat der Kierch gouf vum Jean-Henri Dondelinger, dee virdrun Haffmeier vum Klouschter war, gesteet an an eng Faïencefabréck ëmfunktionéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Faïencerie Dondelinger.
E groussen Deel vun aneren Abteigidder wéi z. B. d'Weilerbacher Schmelz an d'Schlass, d'Bollenduerfer Buerg, d'Ferschweiler Millen an den Diesburgerhaff goufe vum Nicolas Vincent Légier, engem franséische Regierungskommissär, opkaaft.