![]() | |
Datum | 16.12.1944 – 27.01.1945 |
---|---|
Plaz | Ardennen |
Resultat | Victoire vun den Alliéierten |
Kontrahenten | |
![]() ![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |
![]() |
Kommandanten | |
![]() ![]() ![]() ![]() |
![]() ![]() |
D'Ardennenoffensiv war eng Schluecht am Zweete Weltkrich, déi sech virun allem an de Lëtzebuerger a belschen Ardennen ofgespillt huet. D'Offensiv, déi vum 16. Dezember 1944 bis de 27. Januar 1945 gedauert huet, gëtt op Englesch Battle of the Bulge genannt, wéinst der "Bëlz", déi an der Front entstane war. Den Hitler hat hir de Codenumm "Herbstnebel"[1] ginn. Heiansdo gouf se och "Rundstedt-Offensiv" genannt. Dat koum dohier well se deelweis um von Rundstedt a Manstein hirem Plang vun 1940 fir de Westfeldzuch (Fall Gelb) baséiert huet, a well de von Rundstedt déi Zäit den ieweschte Kommando am Westen hat. De von Rundstedt selwer, grad wéi e puer aner héich däitsch Offizéier mat ë. a. dem Luftwaffegenerol Kreipe, waren net ganz waarm fir dee Plang. Dem von Rundstedt senger Aschätzung no hätt d'Wehrmacht schonn eng fatzeg Chance wa se d'Meuse iwwerhaapt géif erreechen, vun Antwerpen guer ze schwätzen.[2],[3] E Plang vum von Rundstedt a vum Model, Kleine Lösung genannt, deen e Virstouss an eng Stabilisatioun vun der Front laanscht d'Meuse virgesinn hat, an deen de Jodl dem Hitler den 3. November 1944 presentéiert hat, gouf vun deem hefteg zeréckgewisen, mat dem Argument datt nëmmen déi grouss Léisung a Fro kéim fir dem Drëtte Räich en definitive Succès ze garantéieren.
Si war ee leschte Versuch vun der Wehrmacht, d'alliéiert Front am Westen opzebriechen an ze splécken, fir den Hafe vun Antwerpen zeréck z'erueweren a war am Ufank vum Hitler op de 25. November 1944 festgeluecht ginn. Dat eenzegt wat de Model an de von Rundstedt konnten erreechen, war datt deen Datum e puermol verluecht gouf. Sou huet d'Ardennenoffensiv de 16. Dezember 1944 ugefaangen an huet bis de 27. Januar 1945 gedauert. Den Hitler selwer dee soss ni fir Wanterfeldzich war, wéinst dem schappegen Ekipement vun der Wehrmacht bei schlechte Wiederkonditiounen, hat déi Period festgehalen, well bei schlechte Wiederkonditiounen déi alliéiert Fligerverbänn, déi d'Iwwerhand haten, a sou Konditiounen d'Buedemtruppen net konnten ënnerstëtzen.
Fir d'Virbereedunge vun der Offensiv virun den Alliéierten ze verstoppen hat de von Rundstedt en Täuschungsmanöver gemaach, deen e Wacht am Rhein gedeeft hat.