Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Barack Obama

Barack Obama
Funktioun
44. President vun den USA
20. Januar 2009 - 20. Januar 2017
Virgänger George W. Bush
Nofollger Donald Trump
Partei Democratic Party
Biographie
Gebuertsnumm Barack Hussein Obama II
Gebuer 4. August 1961
Honolulu
Educatioun Columbia University,
Harvard Law School,
Harvard Universitéit
Bestuet mat Michelle Obama
Papp Barack Obama Sr.
Mamm Ann Dunham
Geschwëster Auma Obama, Maya Soetoro-Ng, Bernard Obama, George Obama, Mark Okoth Obama Ndesandjo, David Ndesandjo, Abo Obama, Malik Abongo Obama
Kanner Sasha Obama, Malia Obama

De Barack Hussein Obama II, gebuer de 4. August 1961 zu Honolulu op Hawaii[1], ass en US-amerikanesche Politiker (Demokratesch Partei). Hie war vum 20. Januar 2009 bis den 20. Januar 2017 de 44. President vun de Vereenegte Staaten.

Hien hat am November 2008 géint den John McCain d'Presidentschaftswalen an den USA gewonnen an huet den 20. Januar 2009 säin Eed als President geleescht.

De Barack Obama war den éischten afroamerikanesche President vun de Vereenegte Staaten an den éischte President, deen net um amerikanesche Kontinent gebuer ass, an zwar op Hawaii. Hien huet seng Funktioun matzen an der globaler Finanzkris ugetrueden an huet als eng vu sengen éischten Amtshandlungen e Konjunkturprogramm an Héicht vu 787 Milliarden Dollar duerchgesat. 2009 krut hie fir säin Engagement fir de Weltfridden an den Atomwaffen-Ofbau de Friddensnobelpräis. Am Fréijoer 2010 huet hien eng breet Gesondheetsreform ëmgesat, déi et fir d'éischt Kéier Millioune vun US-Amerikaner erméiglecht huet Zougank zu enger Krankenassurance ze kréien. Den 1. Mee 2011 konnt hie verkënnegen, datt eng Spezialunitéit vun der US-Arméi den zanter Jore gesichten Terrorist Osama bin Laden ëmbruecht hätt.

De 6. November 2012 gouf hie fir eng zweet Amtsperiod erëmgewielt, säi republikaneschen Erausfuerderer war dës Kéier de Mitt Romney. Am Fréijoer 2015 huet hien, no enger diplomatescher Kris vu bal 50 Joer, de Kontakt mat Kuba gesicht an d'politesch Bezéiunge mat der Karibikinsel verbessert. Och bei den Atomverhandlunge mam Iran huet hie sech dofir agesat, en Ausgläich ze fannen.

  1. Archive copy Archivéiert de(n) 14.10.2008. Gekuckt de(n) 14.10.2008.

Previous Page Next Page






Обама, Барак AB Barack Obama ACE Barack Obama AF Barack Obama ALS ባራክ ኦባማ AM Barack Obama AMI Barack Obama AN Barack Obama ANG باراك أوباما Arabic ܒܪܐܩ ܐܘܒܐܡܐ ARC

Responsive image

Responsive image