De Barrage Esch-Sauer steet am enken Éisleker Sauerdall op 1,2 km flossopwäerts vun der Uertschaft Esch-Sauer a faasst de Stauséi Uewersauer.
De Barrage, deen aus enger 47 m héijer Boustaumauer mat engem Krëmmungsradius vun 80 m am horizontale Plang besteet, ass tëscht 1955 an 1957 gebaut ginn, nodeem d'Lëtzebuerger Regierung am Joer 1953 d'Decisioun geholl hat, fir d'Drénkwaasserversuergung op Uewerflächewaasser zeréckzegräifen. D'Déckt vun der schmueler Konstruktioun variéiert tëscht 4,5 m um Fouss an 1,5 m op der Kroun. Iwwer déi 168 m laang Staumauer féiert eng zweespuereg 8 m breet Strooss mat engem Trottoir op all Säit, déi déi zwou Dallsäite verbënnt. Ënnen um 75 m laange Fouss ass de Barrage mat zwéi Schiberen ekipéiert.
Nieft dem primären Zil fir d'Drénkwaasserversuergung ze garantéieren, sollt de Barrage nach Fräizäitaktivitéiten, d'Produktioun vun Energie an d'Regulatioun vun der Sauer erméiglechen.