Cour de justice Benelux | |
---|---|
Land | Benelux |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Gegrënnt | 1. Januar 1974 |
Um Spaweck | http://www.courbeneluxhof.be/ |
![]() |
De Benelux-Geriichtshaff ((fr) Cour de justice Benelux) ass en internationaalt Geriicht, dat mam Traité vum 31. Mäerz 1965 gegrënnt gouf an zënter dem 1. Januar 1974 a funktionéiert; säi Sëtz ass um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg.
Dem Geriicht seng weesentlech Roll et ass fir eng eenheetlech Interpretatioun vu gemeinsame Rechtsreegelen am Kader vun der Benelux-Staaten ze fërderen. Dës rechtlech Reegele begräifen ënnerschiddlech Beräicher wéi d'Eegentumsrecht (Marke vu Produkter an Déngschtleeschtungen, den Design an d' Modeller), d'Haftflichtversécherung fir Gefierer, d'Visabestëmmungen, d'Andreiwe vu Steierscholden, de Vulleschutz an d'Steiergerechtegkeet.
Duerch e Protokoll vum 15. Oktober 2012 krut d'Geriicht zousätzlech Kompetenzen an de Sëtz gouf vu Bréissel op Lëtzebuerg verluecht.
De Benelux Geriichtshaff ass eng zweesproocheg Institutioun; déi prozedural Sprooche si Franséisch an Hollännesch.
D'Geriicht gëtt vun engem Presidium aus dräi Conseilleren geleet. De President an d'Vizepresidente sinn all vun enger anerer Nationalitéit. Dës Positioune ginn nom Rotatiounsprinzip op Basis vun der Nationalitéit all dräi Joer nei besat.
De Parquet steet ënnert der Leedung vum Premier avocat général deen nom selwechte Prinzip besat gëtt.