Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Duerchmiesser

Déi rout Linn weist den Duerchmiesser un

Den Duerchmiesser (griich. Diameter) ass d'Distanz tëscht de Schnëttpunkte vun engem Krees mat enger riichter Linn, déi den Zentrum schneit. Den Duerchmiesser vun enger Kugel ergëtt sech, wann dës vun enger riichter Linn duerch de Kugelzentrum geschnidde gëtt. D'Hallschent vum Duerchmiesser gëtt Radius genannt. Mam Duerchmiesser ass net de Querschnëtt gemengt. D'Verhältnes Ëmfang () vun engem Krees zum Duerchmiesser ass d'Kreeszuel .

Aus der Formel fir den Ëmfang vun engem Krees:

léisst sech d'Formel fir den Duerchmiesser () vun engem Krees ofleeden:

An der Metallveraarbechtung kann zum Beispiel den Duerchmiesser vun enger Buerung oder vun engem Bolze mat deem gëeegente Moossapparat, wéi Pied à coulisse oder Mikrometerschrauf gemooss ginn. Den Duerchmiesser entsprécht dobäi der gréisster Mooss, déi rechtwénkleg zur Buerungsachs gemooss gëtt.

Bei techneschen Zeechnunge gëtt d'Symbol fir den Duerchmiesser ø nëmmen da gebraucht, wann d'Kreesform net direkt erkennbar ass, z. B. bei Schnëttduerstellungen oder Duerchgankslächer. An der Mathematik bedeit dëst Symbol Duerchschnëtt, an net Duerchmiesser.

Kugelduerchmiesser ginn och bei Sonnen, Planéiten oder Mounden ugewannt, déi eng Kugel duerstellen.


Previous Page Next Page






Deursnee AF Durchmesser ALS قطر (هندسة) Arabic قطر (هندسه) ARZ ব্যাস (জ্যামিতি) AS Diámetru AST Diametr AZ Дыяметр BE Дыямэтар BE-X-OLD Диаметър Bulgarian

Responsive image

Responsive image