Dwight D. Eisenhower | |
---|---|
Funktioun | |
34. President vun den USA | |
20. Januar 1953 - 20. Januar 1961 | |
Virgänger | Harry S. Truman |
Nofollger | John F. Kennedy |
Partei | Republican Party |
Biographie | |
Gebuertsnumm | David Dwight Eisenhower |
Gebuer | 14. Oktober 1890 |
Gestuerwen |
28. Mäerz 1969 Washington |
Educatioun |
United States Military Academy, Command and General Staff College, United States Army War College |
Den Dwight David Eisenhower, genannt "Ike", gebuer de 14. Oktober 1890 zu Denison am Texas, a gestuerwen den 28. Mäerz 1969 zu Washington D.C., war ee Fënnefstäre-Generol an der US-amerikanescher Arméi an en amerikanesche Politiker.
Hie war Member an der Republikanescher Partei a vum 20. Januar 1953 bis den 20. Januar 1961 de 34. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.