Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Eleanor Roosevelt

Eleanor Roosevelt
Gebuertsnumm Anna Eleanor Roosevelt
Gebuer 11. Oktober 1884
Manhattan
Gestuerwen 7. November 1962
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit USA
Educatioun The New School
Aktivitéit Diplomat, Schrëftsteller, Autobiograph, Politiker, Fraerechtler, Journalist, Friddensaktivist, Mënscherechtler, Kolumnist
Partei Democratic Party
Fonctioun Ambassadeur
Member vun Daughters of the American Revolution, Alpha Kappa Alpha
Famill
Bestuet mat Franklin D. Roosevelt
Papp Elliott Roosevelt I
Kanner Franklin Delano Roosevelt, Jr., James Roosevelt
D'Eleanor Roosevelt mam Text vun der Universeller Mënscherechtsdeklaratioun.

D'Anna Eleanor Roosevelt, gebuer den 11. Oktober 1884 zu New York, an och do de 7. November 1962 gestuerwen, war eng US-amerikanesch Mënschenrechtsaktivistin an Diplomatin, a vun 1905 bis zu deem sengem Doud, 1945, d'Fra vum US-President Franklin D. Roosevelt. Si war deemno vum 4. Mäerz 1933 bis den 12. Abrëll 1945 d'First Lady vun de Vereenegte Staaten.

An de Joren nom Zweete Weltkrich war si eng héich Politikerin an der UNO. Si war do ë. a. Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun, déi zu deem Zäitpunkt d'Allgemeng Declaratioun vun de Mënscherechter ausgeschafft huet. Dës gouf 1948 vun der UN-Vollversammlung offiziell ugeholl.[1]

Wärend der McCarthy-Ära huet d'Eleanor Roosevelt sech ëffentlech géint dem McCarthy seng fanatesch antikommunistesch Vuë gestallt, an d'Hexejuegd op soi-disant Kommunisten, sou wéi d'Mësstrauen, dat iwwerall opkomm ass, "zudéifst onamerikanesch" genannt.[2]

  1. "Women in History: Eleanor Roosevelt ."
  2. Susanne Kippenberger: Mrs. America, in: tsp Nr. 19805 S. S7

Previous Page Next Page