Emergenza ass en internationale Musekfestival a -kontest un deem Gruppe kënnen deelhuelen, déi nach net bei engem grousse Musekslabel ënner Vertrag stinn. D'Concerte sinn a verschidde Ronnen agedeelt; all Grupp kritt 30 Minutten op der Bün a kann duerno eng Ronn weiderkommen. D'Publikum entscheet, wie weiderkënnt a wien net. No regionalen an nationale Ronnen ass déi international Finall um Taubertal-Festival an Däitschland. Eng Jury wielt dann de Gewënner, deen eng komplett Museksproduktioun, eng Tournée, Musekinstrumenter an anert Ekipement vu Sponsore finanzéiert kritt.
Emergenza gouf 1991 zu Roum gegrënnt, wou den éischte Concert den 8. Januar 1992 virun 245 Leit war. Fënnef Méint méi spéit waren et der scho 5000. Zu Lëtzebuerg ass tëscht 2000 an 2005 véiermol eng national Finall organiséiert ginn.