D'European Space Agency (ESA) ass déi europäesch Weltraumorganisatioun mat Sëtz zu Paräis (Frankräich).
D'ESA gouf den 30. Mee 1975 gegrënnt fir eng besser Koordinéierung vun den europäesche Raumfaartaktivitéiten ze kréien. D'ESA huet 22 Memberstaaten. 2003 ware 1.780 Mataarbechter beschäftegt.
Si ass d'Nofollgerorganisatioun vun ELDO an der ESRO. Wéi déi Organisatiounen ass och d'ESA op den Artikel II vun hirem Satut „ausschliisslech fir friddlech Zwecker“ an der Raumfaart begrenzt.
D'ESA ass zesumme mat der NASA Grënnungsmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).
De Jean-Jacques Dordain ass zanter 2003 Generaldirekter vun der ESA.