Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Gare Mamer

Gare Mamer

Streck 5
PK 9,768
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Mamer
Gemeng Mamer
Kanton Capellen
Koordinaten 49° 37’ 32’’ N
      6° 01’ 12’’ O
Websäit CFL.lu
D'Quaie vun der Gare a Richtung Capellen gekuckt.

D'Gare vu Mamer ass eng Gare op der CFL-Linn 5 tëscht der Gare Mamer-Lycée an der Gare Capellen vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Linn 5 féiert vu Lëtzebuerg bis op Klengbetten a weider op d'belsch Grenz, wou se iwwer d'Infrabel-Linn 162 Uschloss un dat belscht Netz an Direktioun Arel huet.

D'Gare vu Mamer huet e gratis Park & Rail-Parking mat 49 Plazen, eng Salle d'attente, eng Trap fir op de Quai vis-à-vis ze kommen, a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).

Previous Page Next Page






Estació de trens de Mamer Catalan Mamer railway station English Gare de Mamer French Mamer vasútállomás Hungarian Station Mamer Dutch Mamer (stacja kolejowa) Polish

Responsive image

Responsive image