Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.
Geographesch Breet
Breedegraden oder d'geographesch Breetφ oder B (en.latitude, lat.latitudo, fr. latitude oder och däitsch ofgekierzt mat Lat. oder LAT) ass déi am Wénkelmooss (also a Grad) notéiert nërdlech oder südlech Distanz vun enger Plaz (Punkt) vun der Äerduewerfläch vum Equator. D'Breet ka Wäerter vun 0° (um Equator) bis ±90° (op de Polen) hunn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Nord, −Süd) ass och N oder S zougelooss.
Plaze mat der selwechter Breet leien op engem Breetekrees, och Breeteparallel oder Parallelkrees genannt.
Fir d'Identifikatioun vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – fir d'Bestëmmung vu senger geographescher Positioun – gëtt zousätzlech zur Breet och d'Positioun vu senger geographescher Längt gebraucht. D'Definitioun ass bis op de Claudius Ptolemäus zeréckzeféieren.