Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Geul (Floss)

D'Geul an der Griecht laanscht de Bëschhank De Dellen tëscht Geulhem a Meerssen

D'Geul ass e Floss an der Belsch an an Holland.

D'Geul entsteet aus dem Zesummefloss vun e puer klenge Baache bei der Eynatter Mühle tëscht Eynatten an Hauset op enger Héicht vun 250 Meter.

Si leeft vun do un no Weste laanscht Hergenrath a Kelmis bis op Krickelstein, wou vu lénks den Hohnbach draleeft.

Dann dréint se no Nordweste fir da fir d'éischt ënner dem Viaduc vu Moresnet erduerch ze lafen, an duerno duerch Moresnet selwer.

Tëscht Moresnet a Plombières leeft vu riets eng kleng Baach d'Soue dran, zu Plombières selwer vu lénks den Tunisbach, an direkt hannendru vu riets de Welschbach.

Nordwestlech vu Sippenaeken leeft se bei der Grenzmaark N° 10 an Holland eran.

Duerno leeft se weider laanscht Wittem, duerch Valkenburg aan de Geul, a Meerssen, fir nodeem s'an engem Siphon ënner dem Julianakanal erduercht ass, eng ronn 1.500 Meter nërdlech vun Itteren an d'Meuse ze lafen.


Previous Page Next Page






نهر خول Arabic Geul Catalan Gueule CEB Göhl (Fluss) German Geul English Geul Spanish Gueule (rivière) French Geul Hungarian Geul Italian გელი KA

Responsive image

Responsive image