Our website is made possible by displaying online advertisements to our visitors.
Please consider supporting us by disabling your ad blocker.

Responsive image


Lance Armstrong

Lance Armstrong
Gebuertsnumm Lance Edward Gunderson
Gebuer 18. September 1971
Plano
Nationalitéit USA
Aktivitéit Vëlossportler, Autobiograph, Podcaster, Triathleet
Gréisst 177 cm
Gewiicht 71 kg
Veräin/Ekipp Motorola,
Cofidis,
Discovery Channel,
Astana,
RadioShack
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 2000, Olympesch Summerspiller 1996, Olympesch Summerspiller 1992, Tour de France 2010, Tour de France 2004, UCI ProTour 2005
Partei Republican Party
Famill
Liewenspartner(in) Tory Burch
De Lance Armstrong 2002 beim Grand Prix du Midi Libre

De Lance Armstrong, gebuer den 18. September 1971 zu Plano am Texas, ass e fréieren US-amerikanesche Vëlossportler.

Hien huet sech de 24. Juli 2005 vum professionelle Vëlossport zeréckgezunn, nodeem hie siwemol noeneen den Tour de France gewonnen hat - ënner Doping, wéi 2012 un d'Liicht koum.

Am September 2008 huet hie säi Comeback fir d'Saison 2009 ugekënnegt.

Hien ass doduerch bekannt ginn, datt hien testiculaire Kriibs iwwerlieft huet an d'Joer drop säin éischten Tour de France gewonnen huet.

2010 ass hie mat der Ekipp RadioShack de Skoda-Tour de Luxembourg gefuer.

Am Oktober 2012 huet d'US-Anti-Doping-Agentur Usada dem Armstrong nogewisen, datt hie jorelaang systematesch ë. a. Epo-, Testosteron-, Kortison- a Bluttdoping bedriwwen hat. Den Armstrong huet dës Virwërf ofgestridden. All Titelen, déi en zanter 1998 kritt hat, dorënner seng 7 Tour-de-France-Titelen, goufen him oferkannnt.[1]

  1. "Armstrong verliert alle sieben Tour-Titel." wort.lu, 22.10.12 13:17.

Previous Page Next Page