Languedoc Lengadòc (oc) |
---|
![]() Wope vum Languedoc De gueules à la croix cléchée, vidée et pommetée de douze pièces d'or.. |
![]() |
De Languegoc ass eng Géigend am Süde vu Frankräich. Vum 13. Joerhonnert un gouf den Ausdrock gebraucht fir déi Länner ze bezeechnen an deenen Occitanesch (langue d'oc) geschwat gouf. Spéider gouf den Ausdrock nach just gebraucht fir d'Lännereie vun der fréierer Grofschaft Toulouse tëscht dem Rhône am Mëttelmier an der Garonne) ze bezeechnen, inklusiv de Velay, de Gévaudan an de Vivarais. Geographesch gëtt den Numm haut nach just fir de sougenannte Bas Languedoc, d. h. den Deel tëscht dem Massif central an dem Mëttelmier ze bezeechen. Administrativ waren domat d'Departementer Aude, Gard, Hérault, Lozère a Pyréenées-Orientales gemengt.