Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Politiker. Fir de lëtzebuergeschen Äishockeyspiller, kuckt wgl. Michel Welter (Äishockeyspiller). |
Michel Welter | |
---|---|
Gebuer |
21. Mäerz 1859 Heischent |
Gestuerwen |
22. Abrëll 1924 Munneref |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Journalist, Dokter |
Partei | SDP (1903) |
Fonctioun | Deputéierten |
De Michel Welter, gebuer den 21. Mäerz 1859[1] zu Heischent, a gestuerwen den 22. Abrëll 1924 zu Munneref, war e lëtzebuergeschen Dokter, Politiker a Journalist.
De Michel Welter koum aus einfache Verhältnesser. Nom Kolléisch an der Stad huet hie Medezin zu Léck, Paräis, Stroossbuerg, Würzburg, Berlin, München, Prag a Wien studéiert. Duerno huet e sech zu Esch-Uelzecht als Dokter niddergelooss.