D'Odonymie, eng Ënnerkategorie vun der Toponymie, ass d'Ënnersiche vun den Odonymmen, den Eegennimm vun de Verkéiersweeër. En Odonym kann den Numm vun enger Strooss, enger Plaz, engem Wee, asw. sinn.
Gemenkerhand besteet en Odonym aus zwéin Deeler: aus engem individuellen Numm (« Pierre Dupong », « Schoul » asw.) an enger Indikatioun iwwer den Typ vum Verkéierswee (Strooss, Boulevard, Avenue, ...). Normalerweis ass en Odonym en Element vun enger Postadress.