De Rock-A-Field (kuerz RAF) ass en Open-Air-Museksfestival, deen zanter 2006 all Joer am Juni um Herschesfeld zu Réiser ass, a bei deem lëtzebuergesch an international Gruppen optrieden. Organisateur ass den Atelier. D'Editioun vun 2010 hat, mat 18.000 Leit, bis ewell dee gréisste Succès. De Rock-A-Field zielt zu de gréissten a bekanntste Festivaller zu Lëtzebuerg. Bis 2011 huet en all Kéier een Dag gedauert, 2012 an 2013 der zwéin, 2014 an 2015 der dräi an 2016 nees zwéin.
Zanter 2009 gëtt et nieft der zentraler Bün, dem Atelier Stage, eng zweet, méi kleng Bün, d'BGL-Stage, op där tëscht de Concerten um Atelier Stage ursprénglech national Gruppen, mä zanter 2010 och international Gruppen optrieden. 2013 ass eng drëtt Bün bäikomm.