![]() |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Den englesche Begrëff Swing-by – och Fly-by, Slingshot, Gravity-Assist (GA), Schwéierkraaftëmleedung, Gravitatiounsmanöver oder Laanschtschwongmanöver genannt – bezeechent eng Method vun der interplanetarer Raumfaart, bei där e relativ liichte Raumfluchkierper (wéi z. B. eng Raumsond) no laanscht e masseräiche Kierper (z. B. e Planéit) flitt.
Dobäi gi Richtung an dacks och d'Vitess vun der Sond verännert, wärend de Planéit wéinst senger grousser Mass keng mierklech Ännerung vu senger Bunn erlieft. Aus grousser Distanz gesinn, gëlle fir de Rendez-vous d'Gesetzer vun engem elastesche Stouss.[1]
Deeselwechten Effet kann och optrieden, wann e liichten Himmelskierper (z. B. e Koméit) e Gravitatiounsfeld vun engem schwéiere Planéit passéiert.