Airbus A380

Airbus A380 vun der Lufthansa

Den Airbus A380 (als Steigerung vu Jumbo-Jet och Superjumbo genannt) ass ee véierstralege Groussraumfliger vum europäesche Fligerbauer Airbus. Et ass dee gréissten ziville Passagéierfliger dee jee a Serienproduktioun goung. Säin éischte Fluch hat en de 27. Abrëll 2005. De 15. Oktober 2007 gouf déi éischt Maschinn un d'Singapore Airlines ausgeliwwert.

Den Airbus A380 gëtt zanter 2004 zu Toulouse an der Industriezon déi nom Jean-Luc Lagardère benannt ass zesummegebaut. Déi Zon ëmfaasst eng ronn 50 Hektar. Déi grouss Hal huet eng Fläch vun 12,25 ha an ass 46 Meter héich.


Airbus A380

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne