Chondritte forme mat engem Undeel vu ronn 86 Prozent déi gréisst Klass vun de Meteoriten. Hiren Numm kënnt vu klengen ageschlossene Silikatkugelen hier, de sougenannte Chondren, déi an eng rengkäreg Grondmass agebett sinn. Déi mineralogesch Zesummesetzung vun de Chondritte gëtt vu Mineralen Olivin, Pyroxen a Plagioklas dominéiert. Si enthalen awer och (mat wéinegen Ausname bei de kuelege Chondritten) ëmmer metallescht Néckeleisen (kuckt Bild Chondrit Holbrook) an Eisesulfid (Troilit).
Chondritte kënnen als kosmescht Sedimentsgesteng opgefaasst ginn. Dacks gi si och ondifferenzéiert Meteoritte genannt, well hir cheemesch Zesummesetzung, mat Ausnam vu gasfërmegen Elementer wéi Natrium a Kalium oder den Edelgasen, der Zesummesetzung vun der Photosphär eiser Sonn, an domat där vum ufängleche solaren Niwwel, entsprécht. Altersbestëmmungen duerch Miessunge vu radioaktiven Isotopen hunn erginn, datt Chondritte schonn an der Fréizäit vum Sonnesystem virun 4,5 Milliarde Joer entstane sinn.[1]