![]() |
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Comic oder eng Bande dessinée ass eng schwaarzwäiss oder faarweg gezeechent Billergeschicht, déi an enger zenarescher Billerfolleg mat méi oder wéineger fléissendem Handlungsoflaf eng Geschicht erzielt. De Protagonisten hir Rieden (Dialogen) a Gedanken (Monologen) ginn a geschriwwener Form a Blosen (Bullen, Phylaktären) duergestallt. D'schrëftlech Narratioun vun der Geschicht gouf quasi vun Ufank un bis haut an eckege Rummen (heiansdo och ouni Kader) uewen oder ënnen an der Vignette (eenzelt Bild, eenzel Case vun enger Planche) vermëttelt. Donieft - a ganz ënnerschiddlech nom Stil oder der Schoul (z. B. d'Schoul vum Hergé, d'Schoul vum Franquin, d'franko-belsch Schoul asw.) - kënne Geräischer, Beweegungen, Gefiller a Gemittszoustänn mat sougenannten Onomatopeeën (Wierder, Sazzeechen, eenzel Buschtawen a Buschtawekombinatiounen) phoneetesch ëmgesat ginn.