Physikalesch Gréisst | |||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|
Numm | Massendicht | ||||||
Formelzeeche vun der Gréisst | |||||||
| |||||||
Kuckt och: Spezifescht Gewiicht, Relativ Dicht (spezifesch Dicht), Spezifesche Volumen |
D'Dicht (méi genee: Massendicht) vun engem Kierper ass d'Verhältnes vu senger Mass zu sengem Volumen. Si gëtt zum Beispill a Gramm pro Kubikzentimeter oder Kilogramm pro Liter uginn. Bildlech gesot beschreift si, ob de Kierper fir seng Gréisst liicht wéi eng Plomm oder schwéier wéi Bläi ass.
Wann een e Kierper, dee gläichméisseg aus dem selwechte Material zesummegesat ass, zerdeelt, da kritt een Deeler mat anere Massen, anere Formen an anere Gréissten. Awer d'Verhältnes vun der Mass zum Volumen , d'Dicht
huet bei den Deeler de selwechte Wäert wéi bei dem ufängleche Kierper. D'Dicht ass eng fir d'Material vum Kierper charakteristesch Eegenschaft, déi vu senger Form a Gréisst onofhängeg ass.
Mat -dicht zesummegesate Wierder bezeechnen och aner Gréissten, déi op d'Volumen, heiansdo awer och op eng Fläch, eng Längt, e Frequenzintervall oder Aneres bezunn ginn.