Europastrooss

Schëld fir eng Europastrooss unzeweisen

D'Bezeechnung Europastrooss gëllt fir eng Klass vu Stroosse fir Verkéier op groussen Distanzen an Europa an an Zentral- a Klengasien.

D'Stroossennetz vun den Europastroossen ëmfaasst ronn 50.000 Kilometer, a si sinn duerch e wäissen „E“ mat enger Nummer hannendrun op gréngem Fong gezeechent.

A verschiddene Länner stinn d'Panneaue vun den Europastroossen nieft deene vun den anere Stroossen, an an anere Länner wéi z. B. a Schweden, sinn déi grouss Nationalstroosse fir internationalen Trafic nëmme mat engem Europastroosseschëld gezeechent.

Et gëtt ongeféier 240 Europastroossen.


Europastrooss

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne