De Federalismus ass en Organisatiounsprinzip vun engem Land, bei deem eenzel Glidderstaaten eng gewëssen Autonomie hunn. Beispiller fir sou federal organiséiert Staate sinn d'Belsch, Däitschland, d'Schwäiz, Russland, d'USA, Brasilien, Mexiko, Indien asw. Meeschtens ass de Federalismus historesch bedéngt an ass d'Konsequenz vum Zesummeschloss vun e puer verschiddene Vëlker, quasi staatlechen Entitéiten oder sproochleche Communautéiten. En erméiglecht den Zesummeschloss vu méi klenge Staaten zu engem groussen, ouni datt d'Populatioun dobäi riskéiere géif hir Identitéit ze verléieren oder kee regionaalt Matsproocherecht méi ze hunn.[1]