Fossilie sinn Iwwerreschter oder Spuere vu Liewewiesen, déi méi wéi 10.000 Joer al sinn.[1] D'Fossilie gi virum allem vu Paleontologen erfuerscht.
Fir datt e Liewewiesen als Fossil kann erhale bleiwen, muss et no sengem Doud séier zougedeckt ginn. Déi allermeescht doudeg Déieren a Planzen gi gefriess, an all d'Reschter ginn normalerweis zerstéiert. Souguer haart Muschelschuele gi vun de Waasserwelle widderenee gestouss, gebrach a mat der Zäit zu Sand zerriwwen.
Zënter op d'mannst 3,5 Milliarde Joer gëtt et Liewen op der Äerd. Et fënnt een aus där Zäit nëmme mikroskopesch kleng Fossilie vun Eenzeller (Bakteerien). Réischt 3 Milliarde Joer méi spéit, viru 540 Millioune Joer, hu sech am Mier vill verschidde Villzeller entwéckelt, déi schonn e puer Zentimeter grouss goufen. Am Naturmusée sinn eng Rei Fossilien aus dem kanadesche Burgess-Schifer ausgestallt, déi viru 505 Millioune Joer gelieft hunn.