Gare Klierf

Gare Klierf

Streck 1
PK 77.174
Quaien 2
Gleiser 3
Uertschaft Klierf
Gemeng Klierf
Kanton Klierf
Koordinaten 50° 03’ 41.7’’ N
      06° 01’ 29.2’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare vu Klierf ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Draufelt an der Gare Ëlwen vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

D'Gare vu Klierf huet e gratis Park & Rail-Parking mat 145 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. D'Bus-Gare ass an direkter Noperschaft.

D'CFL gesäit vir, de Service am Guichet vun der Klierfer Gare net méi oprecht ze halen[Wéini ?].

Den 19. Oktober 2022 gouf d'Voyageurs-Gebai als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).

Gare Klierf

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne