Gemeng Helperknapp

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Helperknapp. Fir d'Knupp mat deem Numm, kuckt wgl. Helperknapp.
Gemeng Helperknapp
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten
D'Märei an der Huelmesser Strooss zu Tënten
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Helperknapp
de: Helperknapp
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Miersch
Chef-lieu Tënten
Buergermeeschter Paul Mangen
Awunner 5.115
  1. Januar 2024
Fläch 3.761 ha
Koordinaten 49° 43’ 02’’ N
      06° 0’ 38’’ O
LAU-Code LU0403
Websäit https://helperknapp.lu/

D'Gemeng Helperknapp läit am Kanton Miersch an ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Tënten. D'Märei ass an der Huelmesser Strooss.

D'Gemeng ass den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen. Den Numm kënnt vun der markanter Knupp Helperknapp hier, déi graff gekuckt um hallwe Wee tëscht den Uertschaften Tënten a Béiwen läit.


Gemeng Helperknapp

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne