Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Insel Groussbritannien, engem Deel vum Vereenegte Kinnekräich. Fir dat ganzt Land, kuckt wgl. Vereenegt Kinnekräich. |
Groussbritannien (Insel) | |
---|---|
Satelittebild vun 2002 | |
Geographie | |
Kontinent | Europa |
Land | Vereenegt Kinnekräich |
Läit an/am | Nordmier, Irescht Mier |
Gehéiert zu | Brittesch Inselen |
Koordinaten | 53°50'N, 2°25'W |
Fläch | 228.938 km² |
Héchste Punkt | Ben Nevis (1.344 m) |
Verwaltung | |
Demographie | |
Awunner | 65.121.000 |
Awunnerdatum | 2021 |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | GMT |
Groussbritannien ass eng Insel am Atlanteschen Ozean, tëscht dem Iresche Mier an dem Nordatlantik am Westen, dem Nordmier am Osten an dem Äermelkanal am Südosten, op der nordwestlecher Küst vum europäesche Kontinent.
Mat 228.938 km² ass et déi gréisst Insel vun Europa, deemno och déi gréisst vun de Britteschen Inselen, zu deenen ë. a. och Irland an d'Isle of Man gehéieren.
Politesch ass Groussbritannien zanter dem Act of Union 1707 eng Eenheet, déi aus de Staaten England, Wales (zanter 1542 englesch) a Schottland forméiert gouf. D'Hebriden, d'Orkney an d'Shetlandinseln ginn, als Deel vu Schottland, och politesch zu Groussbritannie gezielt. Zesumme mat der Provënz Nordirland, op der Insel Irland, bilden dës Länner an Inselen d'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, wat dacks och einfach Groussbritannien genannt gëtt.
Deelstaat | Haaptstad | Fläch
(km²) |
Awunner[1]
(Mëtt 2021) |
Densitéit (Aw./km²) |
---|---|---|---|---|
England | London | 130.278[2] | 56.536.000 | 434 |
Schottland (inkl. Hebriden, Orkney a Shetlandinselen) | Edinburgh | 77.925[3] | 5.480.000 | 70 |
Wales | Cardiff | 20.735[4] | 3.105.000 | 150 |
Groussbritannien | 228.938 | 65.121.000 | 284 |
D'Kanalinselen an d'Insel Man gehéieren net zum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland, si gehéieren direkt der brittescher Kroun. Man a ganz Irland gehéieren awer geographesch zu de Britteschen Inselen, awer net d'Kanalinselen.
Den Numm vun der Insel kënnt dohier well et och „Klengbritannien“, d'Bretagne gouf. En alen Numm ass Albion.