Jean-Pierre Namur | |
---|---|
Gebuer |
10. Mee 1796 Gréiwemaacher |
Gestuerwen |
29. November 1875 Iechternach |
Famill | |
Kanner | Joseph Namur |
De Jean-Pierre Henri Namur, gebuer zu Gréiwemaacher den 10. Mee 1796, a gestuerwen den 29. November 1875 zu Iechternach, war en Apdikter zu Iechternach.
Säin Apdikteschdiplom krut hien den 22. Dezember 1820. Am Joer 1822 huet hien d'Hirsch-Apdikt (Pharmacie du Cerf), wou hien als Provisor geschafft huet, kaaft. De J. P. Namur war politesch aktiv als Member vum « Conseil de Régence » (Gemengerot) vun der Stad Iechternach, an deen hien 1828 fir d'éischt gewielt gouf.
Vun 1870 bis 1875 war hie Member vum Kuratorium vum Iechternacher Progymnase.
Hien ass de Papp vum Joseph Namur.