E Kondominium (vum lat.con-dominium, „gemeinsam Proprietéit“; och: Kondominat) ass eng Herrschaft iwwer en Territoire, deen ënner der Kompetenz vu méi wéi engem Herrschaftsdréier (meeschtens zwéin) ass. Och den Territoire selwer gëtt Kondominium genannt.
An der europäescher Geschicht gouf et e ganze Koup Beispiller vu sou Kondominien. Wéi déi modern Nationalstaate bis entstane sinn, sinn déi meescht dovun opgeléist ginn.
Beispiller fir Kondominien, déi et haut nach gëtt:
d'Fasaneninsel, dat klengst Kondominium vun der Welt, am Floss Bidasoa, iwwer déi d'Herrschaft all sechs Méint tëscht Spuenien a Frankräich wiesselt;
Andorra war vum Fridde vu Lleida, den 8. September 1278, bis zu senger neier Verfassung vun 1993 e Kondominium ënner der Verwaltung vum Bëschof vun Urgell an dem Staatschef (Kinnek, resp. President) vu Frankräich. Zanterhier ass Andorra e souveräne Staat mat der Partikularitéit, datt en zwéi Staatscheffen huet: de Bëschof vun Urgell an de President vun der Franséischer Republik.