Lucky Luke (Comicsserie)

Lucky Luke ass eng humoristesch Comicsserie, déi vum belschen Zeechner Morris (Maurice de Bevere) kreéiert gouf an déi am Wëlle Westen spillt, wou den Haaptpersonnage, de Lucky Luke, fir Recht an Uerdnung suergt.

Déi éischt Lucky-Luke-Geschicht war de Band Arizona 1880. Si ass de 14. November 1946 fir d'Chrëschtdeeg vun deem Joer an enger Spezialnummer vun der Comicszäitschrëft Le Journal de Spirou, dem Almanach 47, erauskomm. De Morris hat deemools eréischt 24 Joer.

An der Belsch an a Frankräich gouf de Lucky Luke bis 1968 am Magasinn Spirou publizéiert, vun 1986 bis 1973 am Magasinn Pilote, tëschent 1974 an 1975 a sengem eegenen, no him benannte Magasinn, tëschent 1975 an 1976 am Magasinn Tintin an duerno a verschiddenen aneren Magasinner.

Wéi d'éischt Publikatioun a Magasinner bis erduerch war, goufen d'Geschichten, mat e puer Ausnamen, a Form vun Albumen erausbruecht. Déi 31 éischt Albume sinn alleguer vum Editeur Dupuis publizéiert ginn, déi duerno vum Verlag Dargaud; vun 1991 u war et Lucky Productions, déi d'Albume publizéiert hunn an zanter 2000 kënnt de Lucky Luke bei Lucky Comics eraus.

De Lucky Luke ass weltwäit bekannt an ass an Europa immens populär; zu Lëtzebuerg ass de Lucky Luke änlech beléift ewéi den Astérix an den Tintin[Source?]. D'Comic-Serie gouf an 23 Sproochen iwwersat. Bis ewell[Wéini ?] goufen eng 300 Milliounen Albume verkaaft.

Nieft dem Comicalbum u sech sinn och Lucky-Luke-Kinosfilmer erauskomm, wéi och Dessin-animéen, Merchandise-Artikelen a Computerspiller. Zënter 1998 ass de Lucky Luke och am Erliefnispark Walibi bei Wavre vertrueden. Am Kader vun enger Beneluxkooperatioun zum Theema Fraud Prevention koum am September 2008 eng gratis Spezial-Nummer vum Lucky Luke iwwer Bedruchsvermeidung eraus, speziell bestallt op der Basis vun enger lëtzebuergesch-belsch-hollännescher Initiativ, wou direkt dräi lëtzebuergesch Ministèren dru bedeelegt waren. Den Auteur vun deem Album war de Vittorio Leonardo.

Bis 1955 goufen d'Geschichte vum Lucky Luke eleng vum Morris kreéiert, duerno a bis zu deem sengem Doud, 1977, war de René Goscinny den Auteur, de Morris huet just nach gezeechent. Zanterhier changéieren d'Auteuren. Am Moment (Enn 2018) sinn et de Jul (Julien Berjeaut) als Auteur an den Achdé (Hervé Darmenton) als Zeechner. Bis 2018 nach mat koumen 80 Albume vum Lucky Luke eraus. Dee bis ewell leschte Band, Un Cow-boy à Paris, ass vum November 2018. D'Illustratiounen dovu si vum Achdé an de Jul ass den Auteur; déi zwéin haten och dee viregte Band (La terre promise) zesumme kreéiert. Dertëscht koum nach een Erënnerungsalbum vum Mathieu Bonhomme eraus: L'homme qui tua Lucky Luke.


Lucky Luke (Comicsserie)

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne