Regierungsforme vun der Welt |
---|
Republikanesch Staatsform ██ Presidentielle Regierungssystem ██ Presidentielle Regierungssystem mat Exekutivbefugnis déi un d'Parlament gebonnen ass ██ Semipresidentielle Regierungssystem ██ Parlamentaresche Regierungssystem Monarchesch Staatsform aner Staatsform ██ Staate mat Eeparteiesystem Stand: 2025
|
D'Monarchie (iwwer dat franséischt Wuert monarchie aus dem griichesche Wuert μοναρχία, monarchía, „Muecht vun engem Eenzelen“) ass eng Staats- a Regierungsform, bei där eng Eenzelpersoun (Monarch respektiv Monarchin) d'Herrschaft ausüübt. De Monarch gëtt entweeder duerch Ierffolleg (Ierfmonarchie) oder duerch Wal (Kinnekswal, Walmonarchie) op Liewenszäit bestëmmt. De Muechtusproch vum Monarch stäipt sech op eng iwwernatierlech Bestëmmung. Dës kann am Wëlle vu Gott leien. Och d'Veréierung vum Monarch als eegestänneg Gottheet ass méiglech.
Wa sech de Muechtusproch vum Herrscher op eng weltlech Berechtegung stäipt, handelt et sech ëm eng Republik (Géigebegrëff).
En Unhänger vun der Monarchie gëtt Monarchist, e Géigner Monarchomach genannt, d'Staatstheorie respektiv Ideologie nennt ee Monarchismus.