Moresnet oder Neutral-Moresnet (op Franséisch Moresnet neutre), war tëscht 1816 an 1919 e just 3,44 km² groussen europäeschen Territoire, deen ongeféier 7 km südwestlech vun Oochen louch, südlech vum haitegen Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg. En ass entstanen, wéi Preisen an Holland sech net eenege konnten, wien e sollt kréien, a s'esou zesummen d'Kontroll driwwer geholl hunn.