En Okular ass deen Deel vun engem optesche System, dee benotzt gëtt fir mam A (laténgesch oculus) an de System ze kucken. Sou optesch Systemer kënnen zum Beispill Spektiven, Kameraen, Refrakteren, Teleskoper oder Liichtmikroskope sinn. En Okular besteet dobäi aus enger eenzeler Lëns oder aus engem Lënsesystem.
D'Funktioun vum Okular ass et, e Bild beim Observateur ze maachen. Déi uewe genannt optesch Systemer maachen ouni Okular e reellt Bild um Fokalplang, dat reellt Bild ka bei elektronesche Sicher awer och direkt visuell op engem klenge Bildschierm gekuckt sinn. D'Optik vum Okular projezéiert an Zesummenaarbecht mat der Optik vum A dat Bild op d'Netzhaut.
D'Austrëttspupill (AP) vun engem optesche System muss op d'Antrëttspupill (EP) vum A ofgestëmmt sinn. Idealerweis ass hir Gréisst net méi grouss wéi déi vun der Antrëttspupill. Soss gëtt Liicht verschenkt, well de Liichtbëndel nëmmen deelweis an d'A kënnt. Ausserdeem sollt d'Austrëttspupilleschnëttwäit (den Aenofstand) vum Okular grouss genuch sinn, datt d'Aepupill op där Plaz positionéiert ka ginn. Eeler Okularkonstruktiounen erlabe keng komplett Upassung un d'A. Entweeder louch d'Austrëttspupill ze no hanner der leschter Lëns, soudatt si fir Brëllendréier ongeeegent waren oder si hu keng ganz Faarfkorrektur gemaach. Fest agebaut Okularen erlaben dacks en Dioptrienausgläich.