An anere Sproochen |
fr: Our de: Our |
---|---|
Längt | 96,1 km |
Debit | 9,38 m³/s |
Fläch vum Baseng | 187 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Héicht | 653 m |
Koordinaten |
50° 20’ 10’’ N 06° 21’ 24’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Sauer |
Plaz | Wallenduerfer Bréck |
Héicht | 175,5 m |
Koordinaten |
49° 52’ 30.4’’ N 06° 17’ 12.8’’ E |
Geographie | |
Land |
Belsch Däitschland Lëtzebuerg |
Regioun |
Äifel Éislek |
D'Our ass en Niewefloss vun der Sauer, deen duerch a laanscht d'Belsch, Lëtzebuerg an Däitschland leeft.
D'Our entspréngt am Héije Venn, am Süd-Oste vun der Belsch, um 653 m héijen "Eichelsberg" bei Manderfeld. Vun do aus leeft se no Süden, mécht méi oder manner d'Grenz tëscht Däitschland an der Belsch, bis se, vun hanner Ouren un, um Dräilännereck, do wou d'Réibaach draleeft, als Kondominium d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland mécht. Eenzeg Ausnam heivun ass Veianen.
Viru Veianen gëtt d'Our gestaut, fir mat deem Waasser e Pompelspäicherwierk kënnen ze bedreiwen. Beim Uleeë vum ronn aacht Kilometer laange Stauséi hunn Deeler vun der Uertschaft Biwels misse verluecht ginn, well se iwwerschwemmt goufen.
Déi Lëtzebuerger Gemenge laanscht d'Our hu sech zum Naturpark Our zesummegeschloss.
Bei Wallenduerfer Bréck a Wallenduerf leeft d'Our, no 52 km, op Lëtzebuerger Territoire an d'Sauer.
D'Our leeft op hirer ganzer Streck duerch Däller aus der Ardenner Schiferregioun. Den Ënnergrond besteet haaptsächlech aus Tounschifer, dee kee Waasser duerchléisst, an d'Uwännere besti gréisstendeels aus géien Häng. Dat bréngt et mat sech datt d'Our e besonnescht hydrodynamescht Verhalen huet. Den héchste bekannten Offlosswäert, ass 4.000-mol méi héich wéi den niddregsten. Am ganzen Anzuchsgebitt vu Musel a Rhäin ass kee Floss mat sou extreeme Wäerter bekannt.
Soss besonnesch um Laf vun der Our ass de groussen S-Meander vu Biwels, den eenzegen deen et an där Form op der Our gëtt.