Polargebitt

Gréng: D'Lag vun de Polargebidder op der Äerd
Polar Klimazon vun der Äerd, bestoend aus den: wäiss: Polargebidder, hellblo: Subpolargebidder (Tundren)
D'Arktis mat dem Polarkrees an der 10°-Juli-Isotherme (rout Linn)
Astralwénkel an opgewiermte Fläch um Equator an um Pol

Ënner Polargebidder versteet een d'Regioune vun der Äerd, déi tëscht de Polen an dem dozougehéierende Polarkrees leien. Si ginn och als éiwegt Äis bezeechent, och wann dat op déi vum Golfstroum opgewiermt Gebidder vun Nordnorwegen net zoutrëfft. Den nërdleche Polarkrees ëmfaasst d'Arktis, an där hirem Zentrum d'Nordpolarmier läit. De südleche Polarkrees ëmfaasst d'Antarktis, déi haaptsächlech de Kontinent Antarktika mat aschléisst.

Besonnesch Kennzeeche vun de Polarregioune sinn nieft dem kale Klima mat vill Schnéi an Äis, de Polardag mat der Mëtternuechtssonn, dee bis zu engem hallwe Joer dauert, respektiv d'Polarnuecht, awer och d'Polarliichter.

Och um Mars gëtt et äisbedeckt Polargebidder.


Polargebitt

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne