Dësen Artikel beschäftegt sech mat de STEREO Raumsonden. Fir aner Bedeitunge vu "stereo", kuckt wgl. Stereo. |
De Projet STEREO (Solar TErrestrial RElations Observatory) vun der US-Raumfaartagentur NASA bestoung aus zwou bal identesche Raumsonden, déi d'Sonn an d'Interaktioun vun hiren Deelerchersausbréch a Felder mat der Magnéitosphär vun der Äerd fir d'éischt dräidimensional observéiert hunn (Stereoeffet). De Start war de 26. Oktober 2006 um 0:52 Auer UTC mat enger Delta II 7925-10L vu Cape Canaveral zu Florida.
D'Missioun gouf vum Applied Physics Laboratory (APL) vun der Johns Hopkins University geleet. D'Käschte vun der Missioun inklusiv all Entwécklungs- a Baukäschten (och international), vun der Drorakéit, a vun der Primärmissioun (zwee Joer) souwéi vun der Datenauswäertung (dräi Joer) hu ronn 550 Milliounen US-Dollar ausgemaach.