D'Sambre zu Merbes-le-Château | |
Längt | 194 km |
---|---|
Debit | 12 |
Hydrographesche Baseng | Meuse |
Fläch vum Baseng | 2.740 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz |
La Haie Equiverlesse Fontenelle |
Héicht | 216 m |
Koordinaten |
50° 01’ 49.80’’ N 03° 50’ 27.60’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Meuse |
Plaz |
Grognon Namur |
Héicht | 78 m |
Haaptnieweflëss | Piéton, Orneau, Hantes, Eau d'Heure |
Geographie | |
Land |
Frankräich Belsch |
D'Sambre ass e franséisch-belsche Floss dee seng Quell am Bësch mam Numm La Haie Equiverlesse um Territoire vun der Gemeng Fontenelle, no bei Nouvion-en-Thiérache, um Platto vu Saint-Quentin huet, an no 194 km zu Namouer an d'Meuse leeft. Se huet en Anzuchsgebitt vu 1.703 km² dovun 1.250 a Frankräich. Op hirem Laf leeft se duerch 46 Gemengen. Hire mëttleren Debit läit bei 12 m³/s, den niddregste bei 2,5 an den héchste bei 46,5.
Am Ufank vun hirem Laf bis op La Fontaine des Pauvres heescht se Ruisseau de France. Se leeft vun der Quell aus, am Ufank no Westen, bis se op de Scheetbaseng vum Kanal Sambre-Oise stéisst. Do dréint de Norden a leeft paralell mat deem Kanal bis op Landrecies. Vun do un ass se kanaliséiert, am Ufank am Freycinet-Gabarit oder och Europäesch Gabarit-Klass 1 bis op Landelies, an duerno bis op Namouer am Gabarit fir Schëffer bis 1350 Tonnen Europäesch Gabarit-Klass 4.