Sanssouci

Sanssouci
Land Däitschland
Gemeng Potsdam
Koordinaten 52°24'11,74"N, 13°2'19,07"O
Fläch 290 ha
Datum vum Bau 1745
Opgaangen 1747

Sanssouci ass en historescht Gebai (och Schlass Sanssouci genannt) mat engem Parkareal zu Potsdam, dat de Kinnek vu Preisen, Friedrich de Groussen, als private Summerpalais tëscht 1745 a 1747 no Pläng vum Georg Wenzeslaus von Knobelsdorff, op enger Kopp déi als Wüster Berg bekannt war, an déi en dem Potsdamer Weesenhaus ofkaaft hat[1], baue gelooss huet. De Kinnek huet sech gär dohin zeréckgezunn, fir dem Pomp vum Kinnekshaff z'entgoen, an do seng Rou ze fannen (dohier den Numm: sans souci - ouni Suergen).

D'Gebai selwer, am Rokoko-Stil, ass verhältnesméisseg kleng (ee Stack, 10 Zëmmeren). Et steet op engem an Terrassen als Wéngert ugeluechtem Hiwwel, an der Mëtt vun engem Landschaftspark mat kënschtleche Weieren, Fontainen, Pavillonen, Statuen, asw.

Am 19. Joerhonnert huet de Friedrich Wilhelm IV. seng Residenz dohi verluecht, an dofir d'Schlass restauréieren a vergréissere gelooss.

Nom Zweete Weltkrich war Sanssouci eng Touristenattraktioun an der DDR. No der däitscher Erëmvereenegung 1990 goufen dem Friedrich seng stierflech Iwwerreschter am Park begruewen. Zanter 1990 ass et eng UNESCO-Weltierfschaft.

  1. Herder Verlag, München, Geschicht 2/25 Säit 47

Sanssouci

Dodaje.pl - Ogłoszenia lokalne