Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Sonndeg ass de siwenten Dag vun der Woch, no jiddesch-chrëschtlecher Siicht den éischten. De Sonndeg ass den zweeten Dag vum Weekend a steet traditionell am Zeeche vun der Rou a vum Fräizäitaktivitéiten.
A ville Kulturen, besonnesch an de chrëschtleche Gesellschaften, ass de Sonndeg als Rascht- oder Sabbatdag ugesinn. Historesch gouf de Sonndeg dacks als Dag fir de Kierchgang an d'Relaxatioun genotzt.
Den Numm vun dësem Dag ass eng Iwwersetzung vum laténgeschen dies solis – Dag vun der Sonn, wéi dësen Dag am réimesche Kalenner geheescht huet.
Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Rëtsch Nimm fir d'Sonndeger an der Faaschtenzäit, tëscht der Fuesent an Ouschteren: Buergsonndeg, Bounesonndeg, Krounesonndeg, Bretzelsonndeg oder Haleffaaschtesonndeg, Ellesonndeg a Pällemsonndeg.[1]
De Sonndeg huet eng ganz Rei vu kulturelle, gesellschaftlechen an emotionalen Aspekter, déi d’Bedeitung vun dësem Dag nach méi verständlech maachen.