Verlaf vum Tarn | |
Längt | 380 km |
---|---|
Debit | 230 |
Fläch vum Baseng | 15.753 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Gemeng Le Pont-de-Montvert |
Héicht | 1560 |
Koordinaten |
44° 24’ 54’’ N 03° 48’ 51’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | Garonne > Atlanteschen Ozean |
Plaz | hannert Moissac |
Héicht | 65 |
Koordinaten |
44° 05’ 11’’ N 01° 02’ 14’’ O |
Geographie | |
Land | Frankräich |
Uertschaften | Millau, Albi, Montauban |
Den Tarn iass e Floss am Süde vu Frankräich, an der Regioun Occitanie. En entspréngt um Plateau vum Mont Lozère an den Cevennen, an der Gemeng Le Pont-de-Montvert, a leeft da méi oder manner a Richtung Südwest bis West, ufanks duerch den Nationalpark Cevennen, dono duerch de Parc naturel régional Grands Causses.
No 380 Kilometer leeft en, hannert Moissac, beim Wier vu Malause, vu riets an d'Garonne.
Op sengem Verlaf kënnt den Tarn duerch d'Departementer Lozère, Aveyron, Haute-Garonne, Tarn an Tarn-et-Garonne. Déi zwéi leschtgenannt goufen no him genannt.