Physikalesch Gréisst | |||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Numm | Thermodynamesch Temperatur | ||||||||||||
Formelzeeche vun der Gréisst | (nëmme fir Angaben a Kelvin) | ||||||||||||
Formelzeeche vun der Dimensioun | θ | ||||||||||||
|
D'Temperatur ass eng physikalesch Zoustandsgréisst. Wann zwéi Systemer ënnerschiddlech Temperaturen hunn, fléisst Wäermt vum System mat der héijer Temperatur an de System mat der niddreger Temperatur. Zwéi Systemer mat der selwechter Temperatur sinn am thermesche Gläichgewiicht.
Thermodynamesch ass d'Temperatur definéiert als d'Ännerung vun der bannenzeger Energie, no der Entropie bei festem Volume a Stoffmeng.
Op molekularem Niveau ass d'Temperatur en Equivalent fir d'gemëttelt kinetesch Energie () vun de Moleküllen. Fir de Billard-Kugel Modell gëllt d'Bezéiung: